Journée découverte - En Dag bei der POST

Date: 15 mars 2023

Lieu: Luxembourg, Luxembourg

Entreprise: POST Luxembourg

Du bass Schüler op 3ème, 2ème oder 1ère DAP an DT an de follgenden Domäner?:

 

  • Commerce, administration, vente

  • Electronique, électrotechnique (communication, énergie) oder informatique/télécommunication

 

Du stells der Froen iwwer deng professionnell Zukunft an iwwer d’Beruffswelt am Allgemengen?

 

Du bass motivéiert a passionéiert vun der Welt vun den neien Technologien? 

 

Dann hu mir eppes fir dech!

« En Dag bei der POST »!

Haut kenne léieren, muer POSTuléieren

 

En Dag bei der POST ass en Evenement, bei deems du d’Méiglechkeet gebuede kriss, méi iwwer d‘Geschicht an d’Beruffer vun der POST gewuer ze ginn, Mataarbechter a Fachleit aus eise Métiere kennenzeléieren an erfuere Recruteuren ze treffen, déi dech bei dengen éischte Schrëtt am Beruffsliewe berode kënnen.

Programm:

  • ​​​​​Wëllkomm ronderëm e Kaffi an e Croissant
  • Präsentatioun vu POST Luxembourg an hire Beruffer

  • Spezifesch Atelieren en lien mam Cursus vun de Schüler:

    • Domäner commerce, administration a vente: fir Fonktiounen am Beräich « Sales B2B » a « Conseiller Contact Center » kennen ze léieren.

    • Domäner électronique, électrotechnique (communication et énergie) oder informatique/télécommunication: fir d’Fonktiounen « Installateur », « Dépanneur » a « Jointeur » kennen ze léieren.

  • Invitatioun op e Mëttegiessen

  • Ateliere vun de Ressources humaines zu den Themen Aarbechtssich, Preparatioun vu Bewerbungen a Berodung bezüglech de « bonnes pratiques » fir Virstellungsgespréicher

Wéini?

Samschdes, den 22. Abrëll 2023 vun 10 bis 16 Auer

Wou?

10, rue Emile Bian, L-1235 Luxembourg

Virwëlzeg?

D’Plaze fir dëst Evenement si limitéiert, dofir zéck net laang a géi op « Postuler » fir dech virum 30. Mäerz 2023 anzeschreiwen.